Hmm, dat do geet besser Du probéiers bessen mat Déifteschäerft ze spillen, dat ass gudd, mee soss ass d'Foto langwéilech, kee wierkleche Bléckfang dran (dat kéint zum Beispill eng schéi Luucht sinn, déi op d'Bild fällt) an däi Cadrage ass metteg an domat zimlech langweilech.
Looss dech nitt démotivéieren, eng gudd Blummefoto hinzekréien ass wierklech schwéier
Ok merci fir Kritik, muss selwer zouginn hun och schon besserer hinkrit... hun hei; wei ech Foto verschafft hun; fonnt dass en quadrateschen Cadrage dat beschten ass, well et relativ schwiereg wuar fir do en aneren cadrage ze man, wat beim quadrateschen cadrage automatesch dann drop eraus kennt dass den sujet mei an der matt leit...
Demotiveieren lossen ech mech bestemmt net, dofir hun ech zevill spass un der Fotografie...
dselwecht wei bei denger Rouss, fannen ech den Bildopbau hai net gelongen. Et geet mengen ech net duer dMotiv einfach an dMett ze setzen an ze knipsen.....fir se interessant ze maachen muss de dech schon bessi mei mat der Planz ausserneen setzen...
Ok gin zou, dat doten ass lo fleit och net deen allerbeschten Macro, mee wei ech dem Mika och schon geschriwen hun, ass en quadrateschen Format dat wat hei am beschten gepasst huet, an quadratesch ass automatesch dann metteg wann een et esou cropt...besser hett een et awer irgendwei bestemmt keinten man, wei mat allem...