Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The lonely Ronnball

 
All Fotoen an dëser Serie:
250 Thumbnail
251 Thumbnail
252 Thumbnail
253 Thumbnail
The lonely Ronnball
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.04.2009
  • Gekuckt:
    21657
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D80
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=35460]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi kann een eng Foto schwarzwäiss konvertéieren.

n°1. Original, Nikon D80 RAW am Capture NX2 mat Bildoptimierung: brilliant, Weißabgleich: Tageslicht
n°2 Photoshop: désaturation
n°3 Photoshop: Tonkanalmixer: roud 80%, gring 40%, blo -50%, Konstante, -5%, duerno Gradationskurven: Liichter mi hell a Schieder mi däischter. Mëtteltéin näischt geännert.
n°4: Photoshop: Bild, Anpassung, Schwarzweiß: blo a cyan mi däischter, giel a roud liicht mi hell, duerno mat DxO FilmPack 2 Filmsimulation Ilford HP5 plus 400
NikonD80 16.04.2009 - 19:47
stark mat dem Himmel an mat de Farven "smile", "smile", "smile",
No_Saint 16.04.2009 - 20:31
E flott Beispill fir ze weisen waat haut Alles méiglëch ass.
Do misst am Fong fir all Goût Eppes derbai sinn.
Nicon07 16.04.2009 - 20:56
War dat da fréier éiren net méigléch?? Wann ech liesen, wat den Ansel Adams sou schreift, wéi e séng Negativer entwéckelt huet am Bezuch op séng Prose de vue, a wéi en dann an der Duka d'Ofzich beliicht an ofgedeckt a gewedelt huet, da war fréier dach och schon zimmléch vill méigléch. smile
No_Saint 16.04.2009 - 21:36
Méiglëch schon, mee matt erhierflëch méi Opwand, esouwuel um technëschen, wéi och um zaitlëche Plang.
A fier vun engem Fuerwnegativ ée qualitativ entspriechenden SW-ofzuch ze maachen, waat haut dank DBV relativ einfach ze maachen ass, war praktësch nët dran.
Haut huet een eng Datei fier Alles: SW, SW matt Téinung, Fuerwëg, op Pabeier oder als Projektioun. An der Zait sinn Ech dofir matt drai Apparaten duerch Géigend gelaaf, bestéckt matt SW- Fuerw- an Diafilm.
Nicon07 16.04.2009 - 21:41
Sou gesinn hues du natiirléch 100% recht. Et ass haut alles vill méi einfach. Well wann dat net sou wier, da géif ech nach haut méng Superia 200 bei de Fotograf an de Minilab droen... closed_eye
Maimonides 16.04.2009 - 22:06
Hei ass dann dat "Irdischt" net mei banal, well do de Mensch geschafft (-il a cree-) huet. closed_eye
Schein.
Nicon07 16.04.2009 - 22:16
De Mënsch geschafft??? Wéi een et hëlt! Et kann een och soe. schaffe geloos huet, well ouni Maschinn leeft hei näischt, weder in natura, (Stréi zu Ronnballen geet schlecht ouni Trakter a Ronnballepress) nach in camera (domadder as suwuel de Knipsomat wéi de Bildverschaffungsrechner gemënzt). closed_eye

Merci fir de Kommentar.

Gréiss, Nico
Maimonides 16.04.2009 - 22:29
Als klenge Bouf hun ech -probeiert- bei mengem Monni zu Ensber ze hellefen fir "lass" ze meien. Zu daer Zeit war nach kee "Staudamm" do. (Dest ass anekdotisch geduecht.)
Ochiniwa 16.04.2009 - 22:14
Mier gefällt den 2. sw am beschten smile
Nicon07 16.04.2009 - 22:16
Mir och! closed_eye

merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Halerbaach

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: iaescortsmap
Am Ganzen: 3727
1 Benotzer an 540 Gäscht online