Detailinfos kommen och nach, Tom. Ech muss awer dofir Recherche maachen. Ech maachen zwar vill a gäre Macrophotoe vun Insekten, awer ech kennen net vill vun deem Gefleuch.
Insekten, eng geheinissvoll Welt, ech sin alt emmer frouh wann ech eng Gattung kann anuerdnen. Nee eigentlech wollt ech e bessi hannert den "making of" luussen. Verschlusszeiten an esou weider
Wei schon gesoot probeieren ech mech och am Makro, fonktioneiert awer just ganz iwwersiichtlech
Do kann ech dir gären hëllefen, dat ass nit sou schwéier. Mais do loossen ech zwar ganz vill méng Boîtiers gewärden. Ech kucke, fir ee gudde Kompromëss ze fannen tëscht Zäit, wou een net zevill verwackelt (passiv an aktiv) an der Déifteschärft. Ënner Blend 8 leeft do nit vill, wanns du net grad ee minimalistesche plan de netteté wëlls hun. An och dat ass nach laang nit genuch. Ideal ass et, wann ee ka 16, 22 oder 32 (bei Macroobjektiver geet dat) hu, woubei f:32 schon ze vill Beugungsunschärfe huet. Dat heescht: voll Sonn. Oder ISO 800. Mais da rauscht et schon. Virun allem muss du kucke, wanns du ouni Stativ schaffe wëlls, datt s du nit nëmme wackels, mais och nit hun an hier gees. Een Zentimeter ass schon zevill. Gott sei Dank huet ee keng Verloschter mat den digitalen Apparater, a wann dann eng onscharf dobei ass, dann ass näischt geschitt.
Eng kleng Welt fir séch, wou séch praktesch och bei jidderengem deen e Blummegaart huet ofspillt, ..et muss ee sech just Zäit huelen an d'Motiver entdecken sou wéi's du, waat's du hei an och denger zweeter Serie grandios ënner Beweis stells.
Exzellent gemach Nico!
Eeen décken duebele Merci, Marc. Hei war ech zwar lo um Flouer (Autopédestre Bauschelt), mais an eisem "Dschungel" (sou huet mol eng Kéier een Invité eise Gaard genannt, well do steril Grasfläche just eng Portion congrue anhuelen) ass nawell dees Gefleuch och zimmléch vill ënnerwee.