Excellent an impressionant zugläich. Eng Foto dei duerch d'Schäerft, d'Kompositioun an d'Momentopnahm beandrocken. Déi mei däischter Atmosphäre, an d'Luucht vun rechts passen perfekt.
Ech wéisst net waat een häett kennen besser maachen.
Merci.
Nach as se net explodéiert. Sie leit nach bei dem Räscht Rakéiten, déi mir Sylvester, wéinst dem schlechten Wieder, net an d'Lucht geschoss hun. Grrrrr...
Mee ech konnt se jo nach gudd gebrauchen. Wann se net am Gang gehënnert hätten, wär ech net op d'Iddi komm.
Ech haat lo firun kuerzem su aus topeschkeet probeiert sou een knuppert beim explodeiren ze kreien...du muss allerdengs warden bis et mei deischter ass...dann den buttek unfänken an su em di 4sec. beliichten looßen...dann kriss de eng wonnerbar foto wous de den wee vun all eenzel klengen fonken kriss...just an der mett ass et extrem hell...geseit net sou genial aus...ech hun mech nach net derhannert geklemmt fir eng besser ze kreien...lo misst een mat engem tounausleiser op di saach do lass goen wei mein papp soot...
Mee lo zur Foto...do gett et net wierklech vill ze soen...fannen ech...se ass einfach nemmen super schein...daat düstert mecht engem en besselchen mulmegt gefill an et mengt een et misst een sech all ablack erschrecken nee se gefällt mer wierklech super gudd...eng 9/10 vun mir!
nee nee...se ass schon gudd esou wei se ass...daat eenzegt waat mech nach minimalst steiert ass dass dn hannergrond net ganz "smooth" vun hell op donkel geet...mee daat ass sou minimal...hun lo laang dono missen sichen
Ett as alles ouni Blëtz.
Mee ett sin zwou Photoen.
Déi mat de Fonken as dunn um Computer op déi aner geluecht gin.
Fir d'Fonken ze knipsen war ett stackdeischter am Zëmmer, dann kriss du se gudd geknipst.