Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Christine MAJERUS

 
D'Christine MAJERUS
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.05.2013
  • Gekuckt:
    12395
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/3,2
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1280x853
  • Späicherplaz:
    156 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 60D
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200 f/2.8L IS II USM
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72726]
Kommentar vum Fotograf:
Den 28.05.2013 um Wee fier d'Goldmedail ze fänken.
jps 29.05.2013 - 13:55
Wann ech deng Foto mam Hardae senger vergleichen:
GOLD


falen direkt 3 Punkten op wéi's de dech kanns verbesseren:
1. den Opbau, d'Chrisine fiert aus dem Bild eraus;
2. den onrouegen Hannergrond;
3. déi ze héich Opnahmepositioun.

Ech weess dass dynamesch Sportfotografie keen einfacht Gebitt ass, duerfir gesi mer der och leider vill ze wéineg unhappy
MarcBeideler 29.05.2013 - 18:31
Merci jps,

genau daat ass et waat ech gudd fannen, esou Saachen wei datt et aus dem Bild erausfiert, ass mier net esou bewosst gin, elo wou's de et sees, ass et wierklech krass.
Waat den Hannergrond ugeet, verstinn ech elo net esou 100% (sin eben totalen Laien op deem ganzen Gebitt) war u sech en Mitzieher, ob daat elo esou geklpatt huet? keng Ahnung.
Dann kennt derbei datt ech mer neit Material kaaft haat, daat dooten deen eischten Asaatz war, et gereent huet an mech an engem Busheischen positionneiert hun (duerfier dei heich Positioun - dei mer par rapport zu deer aaner Foto direkt opgefall ass) an net genuch Bewegungsfräiraum no hannen fier mei Flexibiliteit mam Zoom ze hun.
Villmols merci fier d'Verbesserungsfierschlei, vläicht leieren ech et an erkennen dei Saachen an Zukunft op dei een muss oppassen.
jps 29.05.2013 - 18:46
Den Hannergrond mat der Clôture, den Hecken an dem Baamstamm ass zevill onroueg.
Ech verstinn och dass de dech an e Busheischen gestallt hues fir dein neit Material nët schon beim éischten Asaatz schwammen ze léieren closed_eye
Hoffentlech ass Muer bessert Wieder an du fënns entweder eng Platz mat freiem Feld oder Bësch op eng gewëssen Distanz als rouegen Hannergrond oder Zuschauer déi awer duerch d'Distanz an d'Mattzéien onscharf gin. Wann all dat sollt zoutreffen da kreiz den Dag um Kallenner un, well déi Chance huet een net dachs closed_eye
MarcBeideler 29.05.2013 - 20:00
Oh wann ech muer d'Zäit kreien, dann kucken ech wou ech mech stellen. Mee mengen vun der Zäit hier gett et näischt.
Mol kucken waat d'Zukunft brengt. Vläicht bessert Wieder...dann keint een och mei erausgoen! closed_eye
Op alle Fall merci fier dei Rotschlei.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Ponte Dom Luís I, Porto (II)

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 406 Gäscht online