En Kickflip vum Flo.
Eng vun meng eischten Fotoen dofier wier Kritik gudd unbruecht :]
An Photo hun ch kaum beaarbescht well ch dat och na net wierklech kann..
Also allgemeng gefällt dei mer gudd.
Et keint lenks e bëssen mei enk geschnidden sin (zBsp. bis do wou di Mauer mat den Béi (een Bou, zwee Béi?) ufenkt. Dann hues de eischtens manner eidel Plaatz dei Sait, an zweetens bass de sou Saachen wi d'Luut; d'Gelänner an dei wäiss Kescht lass. Ech mierken sou Saachen awer och leider emmer reischt wann se bis op der Foto sin.
Mee den Kickflip fannen ech cool an dass de en net zentreiert hues.
merci
FISHEYEEE! FISHEYYEE! Skate-fotografie ass fisheye!!! Scheerz ;P fiers de selwer? ech sichen nach emmer skater dei ech kann fotografeieren... an wann do zwee leit mat der kamera stin ass daat emmer nach emi spannend wei alleng, ne?
Dai 24mm as zwar vlaicht kee fisheye mee du kanns awer mei raushuele wei hei.
Wisou wierkt dai Skater kleng an net heisch? Wells de net no genuch dru ru wars. Haess de d'Camera de vertikale Wee gedreit haess de an der Heischt mei Plaaz gehat an haess keinte mei no rugoen waat den Effekt mat sech brengt datt hie mei heisch erschengt wei op deser wous de minimal Plaaz hues fier Heischt duer ze stellen. Vertikal bedeit meeschtens Dynamic, horizontal bedeit meeschtens Rouh a Statik.
Skatepics sin NET emmer mam Fisheye gemaach (@Polinger: stemmt) mee vun der richteger Plaaz aus fier eng interesant Perspektive ze kreien.
Fisheye ass rau mee muss guer net sin, get ganz gudd ouni. Fannen dat oft suguer besser, well ee net eleng op den Effekt vertraut an sech vill mi Gedanken iwwer Kadrage, Kompositioun a Beliichtung mecht.
Fir de Räscht kann ech dem Shogun nemmen zoustemmen! Obwuel ech awer eng Dynamesch Horizontal Foto font hun Skater
Jo kloer dat, mee den Effekt eleng helleft engem awer schon mega vill a mecht et vill mei einfach dat et gudd wiirkt... a gudde Skate an Snowboard Zeitungen gesait ee vill Fotoen ouni fisheye.
Daaat stemmt mee waat mer och opfällt (hun viiiiill skate-zeitungen) ass, dass se heiandsdo ganz haart beliichten mat engem bletz oder spot... ? hues du eigentlech keng connection, sichen nämlech nach e puer skater ... ?
Klooer kanns de eng Keier mat kommen ;] Muer zB
Ch skaten selwer vill an sin och ziemlech an der Szene integreiert an kennen och genuch Leit.
An ass een och gäeren zu mei wei een Photograph
Ch sin am Moment sust ausser Gefecht gesaat dofier maan ch mei Pixen an der Lescht an Kamera ass nach ganz nei (Dohier och nach net sou vill Erfahrung ;]).
Ajo zum Fisheye.. Do feelen mer am mom Suen mee dat kennt su schnell wei meiglech no
An iwwregens fennst de ganz vill Skater an der Staat/Hollerech.. Un Spots gett et do halt Alima,Philo an Kathedral
Thx fier Tips awer
> www.skateperception.com ass nach eng wonnerbar Seit fier Skatephotoen
Yaeh! MErci! Phila, Cathedral an Hollerech hun ch kannt, vum Alima schon heieren... mee nach nie getraut, et geet een jo net immens gär einfach bei sou friem leid an schwätz dei un ... xD thx awer nach eng kéier wanns de lo an nächster zäit, iert d' schoul uffänkt nach eng keier geings en nometteg fannen wou mer keinten e puer fotoen maachen, sin ech gär dobai