gefällt mer op den éischte bléck super gudd (an dat as wichteg!)
op deen zweeten allerdéngs bedaueren ech, dass ee gudd erkennt dass de dat gesiit per computer agesat hues. et as net esou voller rauschen wéi de recht vum bild/fernseh .. dat hätt ee kënnen anecht man, a roueg 't gesiit méi grouss, mee dat as nach emmer déng eegen decisioun
weider sou, super!
"Gefaellt mir op den éischte Bléck" ass d'Définitioun vun enger emotionaler Approche zu enger Foto. An déi ass subjektiv. Also ass dës Approche perséinlich. Duerfir hun ech gefroot "fir ween ?"
Mir gefaellt se och op den éischte Bléck. Mais och wann se eis 2 direkt esou gefaellt, wëllt dat nach laang nët heeschen dass aanerer dat och esou emfannen.
Dës Foto esou gesin ze hun war och wichtig fir deen, deen se gemaach huet.
ech gi jo och net dovunner aus dass aneren de duerch meng meenung op den 1.bléck gudd gefällt. méng meenung as och secher net objektiv, och wann ech mech beméien se -aus respekt virum user- esou kléngen ze loossen. soss giff ech verschiddene leit hei um site jo bei all eenzel foto schteiwen se wier genial, mee well ech weess vu weem se as man ech dat net. ugeholl de gloda, klex oder sou häten dess foto hei eropgelueden, da giff ech se NET gudd fannen. deen éischten androck gefällt awer weiderhin.
merci jo ech hun nach net ganzt aan dofir awer kool das et daer ob den 1. blek gefällt
also et soll awer schon gudd trashesch aus gesin mee ech muss secher nah ganz vill un maer schaffen an gefill an secher hand dofir krien merci fir die super lehreich kritik bis dann peace