ech din mech schwéier mat dem Musiker, vun der Hëfft un erop ass se ganz ok, d'Been wierken duerch d'Veraarbeschtung net ganz koherent zum Rescht, et geseit e bessi aus wéi drop gepescht ..
Leit ze fotograféieren ass tatsächlech net grad meng Paradedisziplin. Ech denken ech hun hei den Hannergrond zevill, respektiv ganz ofgedonkelt waat deen opgepechten Look erklärt. Zu menger Verteidegung kann ech just soen dass den HG total onroueg war, dofir hun ech daat sou gemaach.
Ech sen awer fir all Tipp dankbar fir et an Zukunft besser ze maachen.
du hues eng Beliichtung (arête lumineuse) op den zwee Been, vum Knéi un erof, dei Luucht korespondéiert net mat der Luucht op der Bühn. Duerch deen Effekt huet een eben den Androck et wier gepecht ...